Commons:Wëllkomm - Wikimedia Commons

Commons:Wëllkomm

From Wikimedia Commons, the free media repository
Jump to: navigation, search
Wëllkomm an anere Sproochen:

Afrikaans | Alemannisch | Aragonés | العربية | Asturianu | Boarisch | ‪Беларуская (тарашкевіца)‬ | Bahasa Banjar | Български | বাংলা | Català | Cymraeg | Dansk | Deutsch | Ελληνικά | English | Esperanto | Español | Euskara | Français | Galego | עברית | Hrvatski | Magyar | Interlingua | Bahasa Indonesia | Íslenska | Italiano | 日本語 | 한국어 | Lëtzebuergesch | Македонски | Олык Марий | Plattdüütsch | नेपाली | Nederlands | ‪Norsk (nynorsk)‬ | ‪Norsk (bokmål)‬ | Occitan | ਪੰਜਾਬੀ | Polski | Português | Português do Brasil | Русский | සිංහල | Slovenčina  | Slovenščina  | Basa Sunda  | Suomi  | Svenska  | Türkçe  | Татарча/Tatarça  | Tiếng Việt  | 粵語 | ‪中文(简体)‬ | ‪中文(繁體)‬ |

+/−

Häerzlech wëllkomm bei Wikimedia Commons - der fräier Mediendatebank fir alle Wikimediaprojeten.

Wat ass Wikimedia Commons?

Wikimedia Commons ass eng Mediendatebank, déi net vu bezuelte Kënschtler, mä vu Fräiwëllegen erstallt gëtt. Den Numm "Wikimedia Commons" gëtt vum Projet Wikimedia, wat all Wikimediaprojete leed, an dem englesche Wuert "commons" (gemeinschaftleche Besëtz) ofgeleed, well et ee Gemeinschaftsprojet vun alle verschiddene Wikimediaprojeten an Nationalitéiten ass. Er stellt vun dohier eng zentral Ophiewungsplaz fir fräi Fotografien, Diagrammer, Animatiounen, Musek, geschwaten Text, Filmstécker an all aner Zorte vun digitale Medie bereet, déi fir Wikimediaprojeten ze benotzbar sinn.

Wikimedia Commons benotzt déi selwecht Wiki-Technologie wéi d'Wikipedia a ka vun dohier vu jiddwerengem einfach an ouni besonnesch technesch Fäegkeeten direkt am Webbrowser beaarbecht ginn. Am Géigesaz zu de Mediendateien déi an den anere Projeten eropgeluede ginn, kënne bei Wikimedia Commons d'Medien direkt an all Wikimediaprojeten agebaut ginn, ouni dass een se do nach eemol separat eropluede muss.

Wikimedia Commons gouf de 7. September 2004 gegrënnt. Aktuell ginn et hei 12,186,288 Fichieren an 104,969 Sammlungen (Zuelen an angelsächsescher Notatioun). De 24. Mee 2005 huet Wikimedia Commons d'Grenz vun 100.000 Mediendateie gebrach. Weider Hannergrondinformatiounen iwwert de Projet Wikimedia Commons fannt Dir am Impressum, op der Wikipediasäit iwwer Wikimedia Commons op der Säit an der Meta-Wiki.

Am Géigesaz zu traditionnelle Medienarchiven ass Wikimedia Commons fräi. Jiddweree kann déi hei gewisen Dateie kopéieren, benotzen a beaarbechten, soulaang d'Auteure genannt ginn, an d'Kopië mat de Verännerungen mat der selwechter Fräizügegkeet zur Verfügung gestallt ginn. D'Wikimedia-Commons-Datebank als sollech an d'Texter stinn ënnert der GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun. D'genee Lizenzbedingungen vun all eenzel Mediendatei kënnen op der Beschreiwungssäit fonnt ginn. Weider Informatiounen zu den Notzungsbedingungen...

Bedeelegen

Am beschte kënnt Wikimedia Commons virun, wanns du dat bäisteiers, wats du am beschte kanns:

Deng Aarbecht

Bass du e gudde Fotograf, dann zéck net deng schéinste Biller heihinner ze setzen, bass du e gudde Grafiker, da luuss emol wéi eng Diagrammer an Animatiounen dringend gewënscht sinn, bass du e gudde Museker oder Film-/Theaterkënschtler, zéck net deng Opname vun den Opféierunge vu fräie Stécker hei ze verëffentlechen.

Deng Fähegkeeten

Du muss net unbedingt egen Dateien hei eroplueden. Et gëtt och nach genuch aner wichteg Aarbecht:

Deng Zäit

Du muss awer net emol e gudde Kënschtler sinn, oder gudd Schreiwe kënnen. Wann d'Schafe vun Uerdnung aus dem Chaos däin Element ass, da kënne mer deng Hëllef gebrauchen.

Umellen

Fir op Wikimedia Commons kënnen eropzelueden, muss du ugemellt sinn. Dat kannst du maachen andeems du op de Link „Log in / create account“ am rietsen Eck vun der Säit klicks. De Benotzernumm gëtt da bei all dengen Aarbechten hei uginn. Wanns du nëmmen am Text vun de Säite schaffs, muss du net unbedingt ugemellt sinn (och wann et erwënscht ass).

Éischt-Schrëtt-Tutorial

Eis Hëllefsäit an eis Sammlung vun heefeg gestallte Froen kënnen dir weiderhëllefen. Si erkläeren, wéi een d'Uewerfläch upasst (bspw. d'Sprooch), wéi een eppes eroplued an och eis grondlegend Lizenséierungsrichtlinnen. Du brauchs keng technesch Fäegkeete fir hei matzemaachen. Sief kéng a beweis gudde Wëllen. Dëst ass e Wiki - et ass wierklech einfach.

D'Dateien op Wikimedia Commons sinn a Kategorien a Gallerien agedeelt. op der Haaptsäit fënnt sech en Iwwerbléck vun de Kategorien.

Zousätzlech Dingschter a Programmer

Falls du nach ëmmer Angscht hues, dass alles ze komplizéiert ass, oder falls du wëlles hues gréisser Menge vun Dateien eropzelueden, kanns du och de Service fir d'Eropluede vun Dateien benotzen, fir datt sech aner Leit drëms këmmeren. Wann's du selwer gréisser Mengen eropluede wëlls, wäert de Programm Commonist hëllefräich sinn. Wann's du speziell Informatiounen iwwer d'Geschier fir d'Betruechten a Beaarbechte vun eisem Inhalt brauchs, kuck w.e.g. eis Programmiwwersiicht.

An elo vill Spaass op de Säite vu Wikimedia Commons.